
© RTL / Boris Breuer
Haut den Owend leeft op VOX effektiv schonn déi 18t Staffel vun 'Die Höhle der Löwen' an d'Produzenten vun der Gründershow hunn direkt e puer Iwwerraschungen am Gepäck. Natierlech bleift de Grondprinzip dee selwechten, gutt Iddien stoussen op Leit mat Erfarung a Goss, an et geet drëm déi z'iwwerzeegen Suen flësseg ze maachen, ouni sech ze vill iwwer den Dësch zéien ze loossen. Nei ass an der Hierschtstaffel en alt Gesiicht. De Frank Thelen kënnt erëm, an dat freet net nëmmen d'Judith Williams mee och hien selwer.
Mat derbäi sinn awer och weiderhin de Carsten Maschmeyer an den Ralf Dümmel, déi aus der Show net méi ewechzedenken sinn. Eng Zort Konveniat um Plateau, awer och d'Messer ginn gewetzt.

© RTL / Boris Breuer
An elo lëfte mer nach e klengt Geheimnis. D'Lena Gercke wäert sech och an der neier Staffel e puer mol weisen a freet sech drop, awer mat gemëschte Gefiller.
E mobile Kannerstull, smart Planzensensoren an eng Analdusch, sinn nëmmen e puer vun den Iddien déi op d'Tapéit kommen. Méi den Owend um 20h15 op VOX oder och elo schonn op RTL+.