
© RTL / Boris Breuer
Fir déi 18t Staffel vun 'Die Höhle der Löwen' op VOX halen d'Produzenten vun der Gründershow direkt e puer Iwwerraschungen parat. Natierlech bleift de Grondprinzip dee selwechten, gutt Iddien stoussen op Leit mat Erfarung a Goss, an et geet drëm déi z'iwwerzeegen Suen flësseg ze maachen, ouni sech ze vill iwwer den Dësch zéien ze loossen. Nei ass an der Hierschtstaffel awer e Gesiicht, e Numm deen een do net onbedéngt gesinn hätt, den däitsche Model Lena Gercke.

© RTL / Boris Breuer
An dann gëtt et awer och e Comeback, e neien Aalen. De Frank Thelen ass zréck bei de Gründer.
Mat derbäi sinn awer och weiderhin d'Judith Williams, de Ralf Dümmel an de Carsten Maschmeyer, déi eis iwwerzeegen wëllen den Owend um 20h15 virun der Telé ze sëtzen.