

Kolumbien, mat groussem K, nee net just fir Kokain, och wann dëst nach enorm ugebaut gëtt, mee K wéi Kultur a Kaffi an deem Land steet. Et ass een vun de gréisste Produzente vun Arabica Bounen, an eng Visitt op enger Plantage en absolutte Must. Mat iwwer 1,1 Millioune km2 ass Kolumbien entouréiert vun Panama, Venezuela, Brasilien, Ecuador a Peru, riseg. Eleng d’Haaptstad Bogota an den Anden op iwwer 2600m huet scho bal d’Fläch vum Grand-Duché. Vum Hausbierg, dem Monserrate op iwwer 3100 Meter kritt een en éischten Androck iwwer Dimensiounen. A jo, et kann e sech dohinner trauen, a mat engem Guide un der Säit, deen do lieft, wéi den Dirk Ripkens, ass et nach méi agreabel. Dee verréit eis wat Kolumbien esou besonnesch mécht?

Kolumbien hat einfach das Flair dass die Leute noch recht ehrlich und unverfälscht sind. das ist eigentlich das Ambiente was mich gereizt hat hierher zu kommen. Man das Gefühl hat, dass hier noch eine Mentalität herscht, die In Europa längst verloren gegangen ist. Dass jeder ein Auge auf den anderen wirft, man sich gegenseitig hilft. Dieses Horrorzenario, Schreckgespenst Kolumbien mit seiner ausufernden Brutalität. Wer hierher kommt, der weiss eigentlich, und wird letztendlich genau das bestätigen was ich sage, dem ist nicht so. Kolumbien ist ein herrlich offenes freundliches Land wo jeder wrklich willkommen ist.

Jo esouguer Stied wéi Medellin loossen hire Passé mat Pablo Escobar a Communa 13 hannert sech, Schnéi vu gëschter am Sënn vum Wuert, a poléieren hiren Image als cool Stad mëttlerweil op. En obligatoreschen Tour mat der Seelbunn, ersetzt hei zu Medellin de stättesche Bus, ass save an impressionant. Hei gëtt engem, genee wéi zu Bogota bewosst, dass d‘Majoritéit vun der Populatioun an de Stied lieft.



Eraus op d’Land, mat grad emol 43 Awunner op de Quadratkilometer, sinn et Ausflich, wou ee kaum e begéint. Do huet een dann och Plaz fir di sëllege Schlaglächer ze ëmfueren. Jo et heescht Zäit matbréngen fir Land a Leit e erliewen. Gaaanz vill Stonnen am Bus, oder Distanzen mat de lokalen Airlinen verkierzen. Anden, Amazonas oder Karibikflair alles geet. Ënnerwee op zwou Achsen erlieft een nieft impressionante Landschaften och vill spannend Momenter.
Hier sind die Regeln etwas anders. Das Chaos mag zunächst für jemanden der es nicht kennt ein bisschen ungeordnet sein. Aber auch das Chaos hat hier eine Ordnung. Das liegt ganz einfach daran dass die Leute hier mehr rücksicht aufeinander nehmen, und jeder mit dem Fehler eines anderen rechnet. Und deshalb passiert hier relativ wenig.
Organiséierte Chaos kéint ee soen? Effektiv gëtt sech ganz gutt ënnereneen "arrangéiert".

