
An der leschter Stonn ware mir duerch Kolumbien ënnerwee, si schonn esou muneches iwwer Land a Leit gewuer ginn, iwwer Dimensiounen vun deem Land, wat 3 1/2 mol esou grouss wéi Däitschland ass an am Moment nach zimmlech onbekannt als touristesch Destinatioun ass. Da schnallt iech un, mir fuere nach eng Kéier lass mam Christian Schmit…

Deen hat sech déi Kéier kutschéiere gelooss. Mee et ass engem trotzdeem näischt entgaangen. Kolumbianer si ganz gleeweg Leit a vertrauen éischter op de Schutzengel wéi op Helm a Sécherheetsgurt. Deen ass irgendwéi ëmmer mat dobäi wa Papp, Mamm an zwee Kanner op engem eenzege Motorrad ënnerwee sinn.
An domat och esou zimmlech alles transportéiert gëtt, wat irgendwéi drop oder an esou en Auto oder Taxi erapasst. Gëllt fir Passagéier a Wueren. An op d’Fro vu wéiengem Alter un dierf ee mam Moto fueren? Tjo ganz einfach, wann e sech traut, a mat de Féiss op de Buedem kënnt. Den Alter spillt keng Roll. Op eisem Roadtrip hu mir op alle Fall och kaum Police-Presenz begéint. Mee mat Drogen an Alkohol um Steier gëtt mëttlerweil duerchgegraff, seet eis Guide Dirk Ripkens?
Drogen und Alkohol am Steuer, das wird von wirklich vielen Leuten nicht ernst genommen. Jedoch muss man sagen dass bei der Verkehrspolizei in Medellin die Toleranz 0 ist. Man ist dahin übergegamgen dass überhaupt bei Kontrollen wirklich keinerlei Toleranz mehr gibt, um eben auch ein Umdenken in der Bevölkerung hervor zu rufen.



E privaten Auto, en Deieren, jo Luxus Artikel. Bei grad emol 320 Euro Mindestloun kee Wonner. E Führerschein kascht dat iwwregens och. Sou muss déi al Kaross ganz laang duerhalen, a mécht dat och, well handwierklecht Geschéck, déi all um Lafen hält, an de Contrôle Technique, soe mir emol, anescht interpretéiert gëtt.
Mit dem TÜV hat man es nicht so ganz genau. Auch mit der Beleuchtung nicht unbedingt. In den Städten geht das schon etwas disziplinierter. Ich würde sagen wenn man wirklich alle Fahrzeuge zum TÜv bringen würde, dann wär hier wirklich nur noch die Hälfte der Fahrzeuge auf den Strassen unterwegs.




An och bei enger Pann an der Pampa, wéi mir et erlieft hunn, bleift en „tranquillo“. Zäit ass eppes Relatives. An de Stied, eng aner Klack. Hei ass däitlech méi Disziplin ze spieren. Chic Limousinnen a Sportsween, déi um Boulevard defiléieren, gesäit een, och wann déi op kuerz oder laang wéi mir am Stau stinn. A mam ëffentlechen Transport, dat ass och nëmmen relativ eng gutt Alternativ. Dofir esou vill Taxie wéi Seechomessen. An en etlech Kolumbianer traue sech esouguer mam Velo eraus.
Besonnesch de Weekend gëtt Vëlo-Sport am Geescht vum kolumbianeschen Tour de France-Gewënner Egan Bernal grouss geschriwwen, a carrément ganz Avenuen fir de Verkéier gespaart,
Kolumbien um gudde Wee eng touristesch Desinatioun ze ginn déi lues a lues ëmmer méi op „To do“ Lëscht kënnt.

