
© Miss Merkel – Ein Kreuzfahrt-Krimi
Kéint dir Iech virstellen wéi déi fréier däitsch Bundeskanzlerin bei engem Mord op engem Schëff zur Detektivin gëtt? Dofir brauch der glécklecherweis net souvill Imaginatioun, well et gëtt e ganze Film doriwwer an dee leeft schonn den Owend um 20h15 bei RTL. Déi grouss Actrice Katharina Thalbach verkierpert heiranner d'Miss Merkel. A wat dierf net feelen?
Wou Miss Merkel drop steet, stécht schliesslech och e Stéck Angela Merkel dran. De Film den Owend ass schonn deen drëtten vun enger Serie Krimien, déi immens gutt ukommen an dësen Episod spillt komplett op engem Schëff a matzen um Atlantik.
Fir sou eng Roll unzegoen hëlleft et natierlech wann een selwer frou ass mat Krimien. Déi 'düster' leien der Vollbluttschauspillerin net esou, awer all déi, wou och e bësschen Humor mat dran ass, wéi d'Rosenheim Cops oder der Agatha Christie hier Miss Marple hu se dach awer inspiréiert.
Ween d'Resultat gesi wëllt, wéi d'Katharina Thalbach an hirer Roll vun der Ex-Kanzlerin opgeet, dee kann sech den Owend um véierel op 8 bei RTL aschalten, a wien et net erwaarde kann, dierf gären och elo schonn bei RTL+ kucken, wou een och nach emol déi 2 viregt Krimien gesäit.