
© © Image by pexels.com / Pixabay
Am Kontext vun de Lëtzebuerger Bünepräisser, déi de 25. September iwwerreecht ginn, gëtt et Kritik aus dem Kultursecteur.
Et gëtt u sech 2 Volet’en:
Et geet op där enger Säit ëm de Jury selwer an och an de Mangel un Zäit vum Jury fir uerdentlech Entscheedungen ze treffen.
An op där anerer ëm de Medium Text, dee bei de Nominatiounen eng éischter kleng Roll spill.
D’Bünepräisser ginn all zwee Joer iwwerreecht. Do stellt sech natierlech d’Fro wéi et méiglech ass dass an zwee Joer net genuch Zäit soll si fir dass e Jury ka schaffen.
Ugangs August ass de Marc Baum aus dem Jury zeréckgetrueden.
Marc Baum: "Ech sinn zeréckgetrueden, well ech mengen datt ënnert den zäitlechen a materielle Bedingungen, déi mir hunn, et fir mech net méiglech ass, déi Aarbecht als Jury's-Member seriö kënnen ze maachen."
Zäitlech a materiell Bedingungen, wat mengt de Marc Baum?
D'zäitlech Bedingung war déi, dass de Jury eréischt Enn Juli per Arrêté Ministeriell festgehale gouf, dat huet de Kulturminister Eric Thill eis och confirméiert. D’Präisser ginn Enn September iwwerreecht.
Mat materielle Bedingunge mengt den Ex-Jury’s-Member Marc Baum, dass net kloer gewiescht wier, ob iwwerhaapt Opnamen existéiere vun allen Theaterstécker aus de leschten zwee Joer.
Gouf de Jury ze spéit nominéiert an ass iwwerhaapt all Stéck verfügbar als Opnam? De Kulturminister Eric Thill reagéiert am RTL Interview.
Eric Thill: ". Mir wäerten eis do, wéi gesot, concertéieren. Mir wäerten do mat de Leit, de Partner, och mat der Theaterfederatioun, déi eben d'Organisatioun vun dëse Bünepräisser och hunn, concertéieren, fir wierklech ze kucken, wat eebe gutt fonctionéiert huet, wat manner gutt fonctionéiert huet. An do sinn ech als Minister gäre bereet, och do Upassungen ze maachen, wa se sënnvoll sinn a wa se der Saach déngen. Dat maache mer awer nom 25. September, no de Bünepräisser, nodeems mer d' Kënschtlerin a Kënschtler gefeiert hunn."
Et ass also net kloer, ob Opname vun all Theateropféierung existéieren. Domadder stellt sech och d'Fro, op wéi enger Grondlag de Jury seng Entscheedungen iwwerhaapt kann treffen.
Da gëtt et nach en zweete Problem mam Jury.
An deem sëtzt och de Jérôme Kohnen, Direkter vum Kinneksbond. A fir d’Bünepräisser sinn och Produktioune nominéiert, déi vu sengem Haus produzéiert, respektiv co-produzéiert goufen.
Wéi kann dem Jury-Member Kohnen seng Objektivitéit garantéiert sinn? Nach eng Kéier de Minister Thill
Eric Thill: "Mir hu fir d' Onofhängegkeet an och d' Transparenz ze garantéieren. Do ënnerschreift all Jurysmember, deen dann an der Jury present ass eng Erklärung iwwert eben den Ausschloss vun Interessenskonflikter, déi kéinten optrieden. An den Här Kohnen huet eben an deene Kategorië, wou dann en eventuellen Interessenskonflikt hätt kënne bestoen, huet en ebe ganz kloer net mat ofgestëmmt."
Last but not least: d’A:LL huet sech zu Wuert gemellt.
Dat ass de Verband vun de Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller. Dee kritiséiert dass et bei de Bünepräisser keng eege Kategorie fir den Theatertext gëtt. De Jeff Schinker ass President vun der A:LL.
Jeff Schinker: "Déi Bünnepräisser maachen esou, wéi wann Theatertexter net géifen existéieren. Wat jo absurd ass, well ouni Text gëtt et quasi kee Stéck. Et gëtt Danzstécker ouni Text, et gëtt verschidde Stécker, déi ouni Text kënnen auskommen. Mee grondsätzlech: Theater géif et ouni Shakespeare, ouni Molière, ouni Schiller, ouni Goethe jo guer net ginn - fir elo wierklech al Kamellen ze nennen - a mir fillen eis als Lëtzebuerger SchrëftstellerInnen do e bëssen iwwergaangen."
Als eenzege Vertrieder vun den Theaterschrëftsteller ass den Antoine Pohu an der Kategorie Nowuessstalent nominéiert.
De 25. September ginn d’Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht. RTL ass mat derbäi. Samschdes de 27. September gëtt et op der Tëlee e Passepartout Spezial iwwer d’Bünepräisser.