Op Fitnesszenter, Personal Coach oder Joggen goen. Déi Froen wäerten sech elo nees vill Leit stellen déi mat e puer Kilo Iwwergewiicht aus der Vakanz komm sinn. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare, mécht eis haut eng Propose déi och hir Friichten dréit.

Dës iresch Etüd mat iwwer 4000 Participanten mat iwwer 60 Joer, stellt sech d'Fro iwwer Gesondheetseffekter, wann een am Alter mat engem Mupp spadséieren geet. Verglach sinn ginn déi Leit déi 4x d'Woch mam Hond ënnerwee waren, versus déi Leit ouni Hond, oder déi, déi mam Hond gréisstendeels dobanne bloufen. Verschidden Tester goufen gemaach, wéi zB wéi séier een vun sëtzender Positioun opkoum an erëm ufänkt mat goen, wat jo fir Senioren als wichtegen Mobilitéitskritär gëllt. Och d'Zuel vun de Chutten gouf ënnersicht, a bei all deene Krittären war d'Gassi goen natierlech besser. Souguer d'Angscht virum falen war manner.

Dr Marc Keipes - net ëmmer Sport - Hond spadséieren goen

Och kleng Schrëtt hëllefen virun. Mee wéi ass et wann een sech am Alter hanner senge 4 Maueren verstoppt?

Déi Leit, déi net doheem erausgoungen, haten an alle Kategorien méi schlecht Resultater, och zB méi Medikamenter pro Dag ze huelen. Just beim Netfëmmen waren si liicht, liicht besser. Et war leider keng longitudinal Etüd, an t'ass och net gekläert op déi Korrelatioun eng Kausalitéit ass, also ass ee méi mobil well een e Mupp huet, oder sinn et einfach déi méi gesond al Leit, déi sech nach mam Muppes virun d'Dier trauen. Op mat oder ouni Hond, séier virun d'Dier da bleif der gesond.

Dr Marc Keipes - net ëmmer Sport - negativ Effekter