
© Patrick Greis
De Johny Goudenbour ass e Lëtzebuerger Tennis-Ass. Am 'Café des artistes' am Gronn zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hien den éischten Lëtzebuerger Tennis-Profi ginn ass, firwat seng Zäit op der Bank sou kuerz war a firwat säin éischten Auto just 4 Deeg gehalen huet. Donieft verréit hien dass hien 35 Joer mat der selwechter Rackett gespillt huet, firwat hien zu Bayern München hält a wéi dat ass op Silvester gebuer ze sinn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Johny Goudenbour wéi e seng Hëft OP gemeeschtert huet. Mir héieren dass hien och am Fussball eng Karriär hätt kënnen maachen, well hien huet ea mam Guy Hellers gespillt. A mir ginn gewuer wéi hien an der Coque säin Idol de Björn Borg geklappt huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen