
© Patrick Greis
Nach huet den Tennisspiller an Trainer seng 62 net, mee et géif een him se och net ginn. Sport hält jonk. A senger sportlecher Glanzzäit tëscht 1981 an 2000 huet hien 40x gewonnen. Fairerweis muss een awer och soen dass hien a senger aktiver Zäit op 37 Néierlagen kënnt. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten op all Froen geäntwert déi si beschäftegt hunn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 kënnt de Johny Goudenbour op seng 16 Indor- a 15 Outdortitelen zréck. Hien verréit wéi et bei de 'Spiller vun de klenge Länner' war, wou hien meeschtens mat de Judokaen an de Basketspiller zesumme war an zielt dass en 35 Joer mat der selwechter Rackett gespillt huet, awer och déi eng oder aner an der Roserei futti geschloen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen