Den Johny Goudenbour schéngt keen an näischt rosen maachen ze kënnen, an den Tennisspiller. deen den éischten Profi zu Lëtzebuerg war, léisst sech och net verbéien. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, wéi haart hien trainéiert huet fir iwwerhaapt Unerkennung an der Tenniszen ze fannen an och professionell ënnerstëtzt ze ginn. Piano: Marc Schmidt

10-09-2025 RTL-Afterwork: mam Johny Goudenbour (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 kuckt den Johny Goudenbour op déi schéin Joeren vum Daviscup zréck. Et geet rieds vu sengem perséinleche Style mat laangen Hoer an dem Ouerrank, a mir ginn gewuer firwat säin éischten Auto just 4 Deeg gehalen hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen