
© Patrick Greis
An der Lëtzebuerger Tenniszeen ass de Numm Johny Goudenbour zanter ville Joren e feste Begrëff. Fréieren Profi, Meeschter en Serie, Spiller a Kapitän vun der Davis-Cup Ekipp huet de Rietshänner Sportgeschicht geschriwwen. Am 'Café des artistes' huet de Goudenbour dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, dass hien och mat 61 Joer nach gär um Terrain steet an es net genuch mam Tennis huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Johny Goudenbour iwwer déi positiv Säiten vum Davis Cup fir hien a fir Lëtzebuerg. Mir ginn gewuer, dass fréier den Training, net mat haut ze vergläichen ass, an een och emol e Glas Wäin oder Béier drénke konnt. An hien zielt wéi schlëmm munch Elteren sinn wann een de Kanner Tennisstonnen gëtt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen