
© Patrick Greis
Beim Numm Johny Goudenbour falen engem Iwwerschrëften an wéi Landesmeeschter, Interclub, an Tennisprofi. Awer och iwwer Fussball, d'Spiller vun de klenge Länner - wou hien 7x derbäi war -seng Heft-OP an d'Pensioun, goung rieds am Café des artistes am Gronn mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Apaart ee Kapitel leit him besonnesch um Häerz.
Piano: Marc Schmidt
12-09-2025 RTL-Afterwork: mam Johny Goudenbour (Freideg)
Muer géint 17h15 zielt den Johny Goudenbour wéi dat ass op Sylvester gebuer ze sinn. Bei 'léiwer oder léiwer' muss hien sech tëscht Zännseef mat Knuewlek an Deo mat Salamigeroch entscheeden, a mir ginn gewuer, firwat dass hien en treien Fan vu Bayern München ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies