
© Patrick Greis
Op där enger Säit ass den Johny Goudenbour beléift a bekannt als feine Kärel. Um Terrain kann den éischten Lëtzebuerger Profi am Tennis awer och iwwert sech erauswuessen an eng Tennisrackett an der Roserei futti schloen. Am 'RTL Afterwork' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet hien awer seng gutt Kannerstuff ënner Beweis gestallt an huet och bei 'léiwer oder léiwer' keen Joker gefrot, och wann d'Froen nach sou aussergewéinlech waren. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Europadeputéierten Charles Goerens. Hien huet schonn mat 5 Joer mat sengem Papp iwwer Politik diskutéiert an hat als Bauer mat vill Rëndvéi ze dinn. De Stëmmegarant aus dem Norden verréit, firwat hien heemlech frou ass ni Landwirtschaftsminister ginn ze sinn, proposéiert d'Zölibat fir Politiker, beschreift seng Problemer mat de Radaren am Ausland an liwwert d'Hannergrënn vu senger Laachkris an der Chamber.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen