
© Patrick Greis
Et gëtt giess wat op den Dësch kënnt, gëtt ëmmer gesot. Mee dann muss ee sech awer och froen, wat op den Dësch komme soll. Den Dr Marc Keipes, aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet eis eng Menüskaart opgestallt, wou ultraprozesséiert Iessen drop feelt.
Also dass ultraprozesséiert Iesswueren, sou Cup Noodles, Industriegebäck, séiss Limonaden, Zerealien déi méi Zockfaarfstoffer hunn, a näischt notzen, schlecht fir d'Gesondheet sinn, ass gewosst an hei och schonn thematiséiert. Dës Etüd zitéieren ech well et d'Resultater vun enger Metaanalyse sinn, vu 45 méi klenge Studien wouvun dann elo zum Schluss 100 Mio Participanten dra waren. Wann ee vill Industriefood giess huet, war de Risiko un Häerzkreeslafkrankheeten ze erkranken ëm 50% méi héich. Tëscht 48 an 53 méi psychesch Erkrankungen goufen gezielt.
Erstaunlech bei dëser Etüd ass, dass nëmmen 12% méi Zockerkrankheet festgestallt gouf.
Och vill fäerdeg Déifkillproduiten waren an dëser Kategorie. Also natierlech net den Déifkillbrocoli oder de Spinat mam Blubb. Mee Pizzaen vun 2,99 Euro, mat vill gesiedegten Fettsaieren, vill Transfetter, Salz a sënnlose Kalorien. Déi Geschmaachsverstärker déi do dran sinn, maachen eis süchteg drop an op laang Dauer brénge se eis ëm. Kacht an iesst eng mediterran Ernierung, also 5 Handvoll Uebst a Geméis, Fësch, Nëss, Olivenueleg, da bleif dir gesond.