Den Europadeputéierten Charles Goerens huet schonn mat 5 Joer mat sengem Papp iwwer Politik diskutéiert. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten proposéiert hien dës Woch den Zölibat fir Politiker, beschreift seng Problemer mat de Radaren am Ausland, verréit dass en eng Passioun fir Radio huet an liwwert d'Hannergrënn vu senger Laachkris an der Chamber. Piano: Marc Schmidt

15-09-2025 RTL-Afterwork: mam Charles Goerens (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt den Charles Goerens, wéi hien seng Aarbecht als Bauer a Politiker ënner een Hutt bréngt. Hien bedauert, dass een net méi wéi fréier mat engem Handschlag en Handel maache kann a gëtt zou, dass et gutt war, dass hien deemools net Landwirtschaftsminister ginn ass a begrënnt et.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen