De Charles Goerens huet d'Chamberbänk um Krautmaart gedréckt, kennt sech am Regierungsrot aus an och d'Sëtzungssäll zu Bréissel a Stroossbuerg kennt hien beschtens, well schliisslech war hien schonn vun 1982-84 a vun 1994 bis -99 Europadeputéierten, an ass et och nees zanter 2004. Am 'Café des artistes' am Gronn huet den ale Fuuss sech net aus der Rou brénge gelooss, och wann den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gutt gepickt hunn a versicht hunn hien op d'Äis ze lackelen. Piano: Marc Schmidt

17-09-2025 RTL-Afterwork: mam Charles Goerens (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt den Charles Goerens firwat dat näischt gëtt mam Ofschafen vun der Summerzäit. Mir héieren, wéi se sech zu Bréissel ënner de Lëtzebuerger Europadeputéierten verstinn an ginn méi gewuer firwat et an der Chamber viru ville Joren zu engem 'fou rire' koum.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen