De Charles Goerens huet e gutt Stéck Wee vun der Politik hei am Land awer och an Europa, a senge verschiddene Funktiounen, mat zréckgeluecht. Am 'Café des artistes' am Gronn huet den DP Politiker dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten - och iwwer delikat Dossieren seng Meenung ongefiltert, awer ganz pointéiert zerwéiert, a kee Blat vrun de Mond geholl. Piano: Marc Schmidt

19-09-2025 RTL-Afterwork: mam Charles Goerens (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt den Charles Goerens dass hien net vill vu 'Work-Life-Balance' hält. Mir ginn gewuer wéi eng aussergewéinlech Geschicht hien a Rumänien mat engem Radar erlieft huet a bei 'léiwer oder léiwer' soll hien sech tëscht Kartheiser a Semedo entscheeden.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen