
© Patrick Greis
Vum Bauerebetrib bis an d'Europaparlament féiert de Wee vum Charles Goerens. Tëschestatiounen waren d'Chamber, d'Regierung an elo mat 73 wëll den Europadeputéierten den Haff opginn a sech just nach ëm d'Famill an d'Europapolitik këmmeren. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gestaunt wéi eng éierlech Wieder aus dem Mond vun engem Politiker komm sinn. Piano: Marc Schmidt
De ganze Podcast mam Charles Goerens gëtt et elo op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren Deputéierten, Proff a Fussballspiller René Kollwelter. Den Auteur vum Buch '"Au fil des semaines... " schwätzt iwwer seng eegen Schoulzäit, firwat en ni Sportsproff ginn ass a seng rout Kaart. Awer och seng Zäit zu Marseille a seng kuerz Zäit an der Nationalekipp déi mat engem Eclat op en Enn goung, d'Kockelarena a firwat en elo ausgewandert ass beschäftegen eis.