
© Patrick Greis
Iwwerall ginn fläisseg Hänn an hell Käpp gesicht. Am Aarbechtsliewen souwisou, awer och op Veräinsbasis gëtt ëmmer nees gekuckt fir motivéiert Benevoller ze fannen déi bereet sinn eng oder direkt zwou Hänn unzepaken. Elo nom Summer, wou och d'Aktivitéiten am Veräinsliewen nees ulafen, hat d'Gemeng Nidderaanwen dofir gëscht op e 'Rentréesfest' invitéiert, wou am groussen, no allméigleche Profiller gesicht gouf.

Vun A wéi ATD Quart Monde, iwwer d'Bicherfrënn, CIPA, Musek a Gesank, d'Elterevereenegung bis bei Fussball a CGDIS war alles vertrueden. Fir de Marc Thill, President vun der Agence du Bénévolat ass déi benevole Aarbecht e wichtege Pilier vun eiser Gesellschaft.

