
Kleng Kanner, kleng Problemer. Grouss Kanner, grouss Problemer heescht et. Bei den Déieren an apaart de Muppen ass dat net aneschter. Och bei engem Chihuahua kann en Déierendoktesch seng léif Méi hunn fir erauszefannen wat him feelt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem aktuelle Fall aus der Praxis.
Dem Butz seng nei Famill war ganz entsat: hier Grimmelchen vun engem Chihuahua ass op eemol dorëmmer getierkelt, an dunn einfach och ëmgefall. Do op der Säit huet hien mat senge Beenercher gestruewelt wéi wann hien Vëlo fuere wéilt, d´Ae verdréint an hat Schaum virum Mond. Ënnerwee fir an de Noutdéngscht hat hien nach e puer däer Krisen an um Enn louch hien nach just do wéi am Koma. A well schonn en anere Mippchen aus sengem Worf mat esou Symptomer an der Praxis war, hat ee natierlech de Verdacht, dass de Butzi de selwechte liewesgeféierleche Problem hätt.
Hei war e Verdacht op eng Kränkt, déi all anere ganz klengen oder och mat ville Parasitte gehäiten jonken Hond kéint hunn:
d´Idiopathesch Hypoglykämie vun de Welpen. Iwwerzocker huet e Welpen bal ni. Mais wéinst Daarmparasitten, déi hinnen d´Fudder ewechhuelen oder well se guer keng Fettreserven hunn, kënne jonk Honn an den Ënnerzocker kommen. Bei erwuessene Muppen gëtt d´Liewer dat meeschter. Ganz jonk Lieweren kënnen dat nach net. De Butz hat och ganz uergen Ënnerzocker. Mat engem Zockerbaxter war de krappege Männchen bannent e puer Minutten erëm do an huet wéi geckeg vu Freed gejapst a mam Schwänzchen gewackelt. Mat engem Hunnegpräparat fir doheem ze ginn konnt hien wéi seng Schwësterchen aus dem selwechte Worf no e bëssen Observatioun nees heem gelooss ginn.