'Ninja Warrior Germany' kënnt haut um däitschen RTL erëm, an domadder fänkt déi 10. Staffel un. Een, dee vun Ufank un derbäi ass, bei dëser spektakulärer Sendung wou et drëms geet en ambitiéise Parcours sou séier wéi méiglech zréckzeleeën, ass de Jan Köppen. Zanter der éischter Sendung huet hien zesummen mam Frank Buschmann d'Leeschtung vun den eenzele Sportler live kommentéiert a sech, an d'Spectateure gutt ameséiert.

Jan Köppen - 10t Staffel
RTL

© RTL / Markus Hertrich

Nieft dem Köppen a Buschmann gehéiert awer och d'Laura Wontorra zur Ekipp, fir ëmmer hautno d'Reaktiounen anzefänken. Fir d'Akrobaten unzefeieren, matzeféiweren oder ze tréischten. De Succès vun der Show kann de Jan Köppen sech och net erklären an ass einfach frou, dass d'Sendung sech schonn esou laang an der däitscher Fernseelandschaft hält.

Jan Köppen - Succès vun der Show
RTL

© RTL / Markus Hertrich

Dann ass awer och viru kuerzem d'Nouvelle komm, dass et dem Frank 'Buschi' Buschmann seng lescht Staffel ass, an hien duerno nei Erausfuerderunge sicht. Wéi denkt de Frënd a Kolleeg Jan Köppen heiriwwer?

Jan Köppen - Depart Buschi