Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September op den Dësch? 

18/09/2025 Mister Science - Mullen

Et ginn dräi Haaptgrënn, firwat frësch Mulle virun allem an de Méint mat engem „r“ – also vu September bis Abrëll – op den Dësch kommen. Deen éischten ass hiert Fleesch, dat vill Eewäiss enthält. Dat gëtt séier schlecht, esou datt d'Déieren traditionell lieweg vun der Recolte bis an d'Kachdëppen transportéiert ginn. Dat war fréier, wou se an de waarme Summerméint nach net richteg gekillt konnte ginn, net wierklech méiglech.

Dat dierft haut jo awer kee Problem méi sinn.

Richteg. Usech ginn et op ville Plazen dat ganzt Joer iwwer Mullen an de Gros kënnt awer nach ëmmer lieweg vun do, wou se gefaange ginn, bis an d'Kachdëppen transportéiert.  
An hei kënnt den zweete Grond an d'Spill: Am Summer hu Mullen einfach manner Muskelfleesch, well si Energie fir d'Reproduktioun brauchen. All weiblech Muschel leet da bis zu zwielef Milliounen Eeër an d'Waasser, déi vun der Spermawollek vun de Männercher befrucht ginn. Dat as s e grousse kierperlechen Effort an ziert un de Reserve vun de klengen Déieren. Am Summer mussen d’Mullen also aus Régiounen oder Farmen kommen wou grad keng Reproduktioun stattfënnt.
 
A wat ass den drëtte Grond?

Dee betrëfft d'Fudder: D'Algebléi kann an der waarmer Joreszäit gëfteg Stoffer produzéieren, déi d'Muschelen aus dem Waasser filteren an am Fleesch uräicheren. Eng Muschelvergëftung wier d'Konsequenz heivun an dat ass net besonnesch spaasseg fir de Mullegourmet. Dowéinst schreift d'Gesetz et och vir, dass Muschelen op esou Gëfter musse getest ginn, ier se an de Verkaf ginn.

Ah, dat ass gutt ze wëssen. Mee so mol: Firwat soll ee just Mullen, déi nach zou sinn, kachen?  

Wat mir un de Mullen esou gär hunn, sinn hir Schliissmuskelen. Wa sech de klenge viischten an de groussen hënneschte Schliissmuskel zesummenzéien, dann hale si d'Schuel vun der Muschel fest zou. Dat ass de Grond, firwat oppe Mullen virum Kachen aussortéiert musse ginn. Well doudeg Muschele kënnen hir Muskelen net uspanen a kënnen deemno och net hir Schuelen zoumaachen. A well sech d'Eewäiss an de Muskele vun doudegen Déieren zersetzt, kann e sech op dës Manéier och séier eng Vergëftung afänken. Nom Kache ginn d'Muschelen op, an dat muss och esou sinn.

Jo, firwat soll een déi, déi nom Kachen net op ginn, net iessen?  

Muschelen, déi nom Kachen nach ëmmer zou sinn, sollen net giess ginn. Dat kann nämlech en Indiz dofir sinn, dass d’Schuel mechanesch verklemmt oder verpescht war, an net, well d’Muschel nach gelieft huet.