
© Patrick Greis
De René Kollwelter ass e fréieren Fussballspiller, Proff, Ex-Deputéierten an elo och Auswanderer. Am 'Café des artistes' schwätzt den Auteur vum Buch '"Au fil des semaines ... " beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer seng Kandheet an de Faubourgen, firwat en ni Sportsproff ginn ass a seng rout Kaart. Awer och seng Zäit zu Marseille a seng kuerz Zäit an der Nationalekipp déi mat engem Eclat op en Enn goung, d'Kockelarena a firwat en elo ausgewandert ass beschäftegen eis. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de René Kollwelter iwwer d'Provence, a wat hien do ugezunn huet. Mir ginn gewuer wéi e reagéiert huet wéi en net méi fir d'Nationalekipp nominéiert gouf an héieren wéi sech d'Kanner an der Zäit tëscht Pafendall a Weimerskirch zerklappt hunn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen