Dem René Kollwelter säin Papp war de fréieren Europadeputéierten Nicolas Kollwelter, just dass deen bei der CSV war an de René sech spéider als Stater Gemengerot an Deputéierten bei der LSAP e Numm gemaach huet. Am 'Café des artistes' huet den Auteur vu villen Lieserbréif, Tëscheriff, Commentairen a Publikatiounen dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och en Abléck a seng Kandheet ginn. Piano: Marc Schmidt

23-09-2025 RTL-Afterwork: mam René Kollwelter (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de René Kollwelter firwat hien net Sportsproff ginn ass, mee Franséischproff. Mir héieren wéi dat war, wéi hien fir d'éischt an d'Chamber koum, an hien schwätzt Kloertext firwat hien dem Krautmaart 1999 de Réck gedréit huet an an d'Provence geplënnert ass, an do sinn anscheinend seng Parteikolleegen net onschëlleg drun.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen