De René Kollwelter ass net ze verwiesselen mat sengem Brudder Serge Kollwelter, deen duerch d'ASTI bekannt ass. De fréiere Fussballspiller, deen et och kuerz bis an d'Nationaldivisioun gepackt hat, huet sech och politesch manifestéiert. Fir d'éischt am Stater Gemengerot, spéider an der Chamber bis hien 1994 Lëtzebuerg an der Politik de Réck gedréit huet an an d'Provence geplënnert ass. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten net eleng vu Pastis geschwat. Piano: Marc Schmidt

24-09-2025 RTL-Afterwork: mam René Kollwelter (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de René Kollwelter iwwer 'École de la deuxième chance' fir déi hien sech hei am Land staark gemaach huet. De Politiker schwätzt och iwwer seng Léierjoren um Krautmaart wou vill mat Ielebéi geschafft ginn ass, an hien erënnert sech u seng eenzeg rout Kaart um Fussballterrain.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen