De Politiker René Kollwelter huet zu Aix-en-Provence an zu Paräis 'Lettres Modernes' studéiert fir dunn als Professer zu Lëtzebuerg Schoul ze halen. Mee säin Wee ass net ëmmer sou riicht verlaf, an et goung op an of an hin an hier. Sou huet hien sech d'Haren an der Chamber ofgestouss, an huet sech 1999 vun der Bildfläch zréckgezunn fir an d'Provence ze plënneren. All Detailer gouf et am 'Café des artistes' am Gronn wou hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten näischt verheemlecht huet. Piano: Marc Schmidt

25-09-2025 RTL-Afterwork: mam René Kollwelter (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de René Kollwelter wéi seng kuerz Karriär als Fussballtrainer war. Mir héieren, wat et mat der 'Kockelarena' op sech hat, déi leider ni Realitéit ginn ass, an hien verréit wéi hien mat deenen Leit ëmgeet déi hien getrëppelt hunn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen