Elo kann een dem Summer notraueren, oder et hëlt een et wéi et ass. Gëscht um 20.19 Uhr war den Iwwergang vun enger Joreszäit bei déi aner. D'Meteorologen haten sech et do méi einfach gemaach an hunn den 1ten September schonn vum Hierscht geschwat an d'Wieder huet eis e Sonndeg kal erwëscht mat Reen. De Jeannot Lacour wëll all Gardefrënn op den Hierscht preparéieren, an huet sech de Moien mat eppes, wat noutgedrongen en Zeechen ass.

Obwuel mir d'lescht Woch nach e klenge Summerfeeling haten, mir hunn d'30 Grad Grenz ugekraazt, ass de Summer awer wuel eriwwer. Wann een seet Summer eriwwer, ass den Hierscht do. Wann een Hierscht seet, dann denkt een un d'Blieder déi vun de Beem eroffalen. Dofir beschäftegen eis d'Blieder déi um Wues leien.  Do soll een reegelméisseg déi Blieder déi erofgefall sinn zesumme reechen. Oprafen, et muss een se net onbedéngt ewech geheien. Et kann ee se op de Kompost leeën, oder wann een Staudebeeter oder Beeter mat Gesträich huet, kann een dat dotëscht verdeelen. Dat zersetzt sech dann zu guddem Buedem.

Jeannot Lacour - Blieder oprafen - Zeechen vum Hierscht

Firwat soll een déi Blieder all oprafen, muss ee sech déi Méi wierklech maachen?

Ma fir dass de Wues éischtens mol Luucht kritt, an zweetens, do wou vill Blieder leien, an och eng laang Zäit leien, fänke se un sech ze zersetzen, do ginn et dann sou brong Plazen am Wues am Fréijoer. Et billt sech och Mooss drënner, an dat muss jo alles net sinn, fir de Wues sou schéin wéi méiglech ze halen am Fréijoer, dofir soll een déi Blieder all oprafen.

Jeannot Lacour - Blieder oprafen - Firwat