Op mir wëllen oder net den Hierscht ass do. A wann elo all Hobbygäertner geduecht hunn, et wier elo schonn Zäit fir d'Gaardegeschier am Gaardenhaischen ze verstauen, deen soll sech dëse gudde Rot vum Jeannot Lacour nach zu Häerz huelen.

Tulpen, Narzissen oder och Krokussen zB déi mussen den Hierscht an de Buedem, fir dass een um fréien Fréijoer, géint Ouschteren, Ouschterblummen, Tulpen an och Krokussen kritt. Fir dass e bësschen Faarf an de Gaart kënnt. Komesch, mee t'ass esou. Déi Blummenzwiwwel muss den Hierscht an de Buedem fir dass se eng gewëss Fraschtperiod kritt, iwwer de Wanter an dann am Fréijoer kënnt se eraus.

Jeannot Lacour - Tulpen, Narzissen, Krokussen - setzen

Et gëtt och e puer Saachen op déi een oppasse sollt, wann een am Fréijoer vill Spaass un der Pruecht vun de Blummen hu wëll.

Et soll een se net an de puere Leem setzen, do kënnt emol fir dass se faulen. Staunesse evitéieren, dat heescht Waasser am Buedem stoe loossen ass net gutt. Wann ech awer nëmme leemege Buedem hunn, soll ech eng Partie eraus huelen, ënnen bësschen Steng dran, gudde Buedem dra mëschen an dann d'Zwiwwelen dra setzen. Zweete Problem deen nach kann opdauchen beim setzen vun de Blummenzwiwwelen, dat sinn d'Wullmais. Dat ass en Dessert fir déi kleng Déiercher. Dofir wann ech der vill hunn, wann ech weess dass ech vill Wullmais hunn, sou e klenge Kuerf bauen aus Kanéngerchersdrot oder et kritt een sou fäerdeg Schuelen am Commerce ze kafen, déi ech ka mat an de Buedem setzen, seng Knollen dra setzen, da kommen déi kleng Déiercher net drun.

Jeannot Lacour - Tulpen, Narzissen, Krokussen - oppassen