
© Patrick Greis
Wien un den Hierscht denkt, deen huet automatesch d'Bild vu Reen a Wand, Blieder déi falen a Niwwel moies an owes am Kapp. Am Hierscht kann een awer och vill Uebst plécken, Champignonen fannen a sech un deem Faarwespill vun de Beem erfreeën. D'Blieder vum Wues schären, d'Blummeknollen vun Tulpen, Narzissen a Krokussen setzen gehéiert zu den Aarbechten vum Gäertner. An dann weess eise gréngen Expert, de Jeannot Lacour bestëmmt wéi et mam zréckschneiden ass.
Seet een Hierscht, dann denkt een natierlech u seng Straicher, säin Gestrëpps oder seng Beem ze schneiden. Dat ass richteg, mee och net ganz richteg. Well et soll een am Hierscht nëmme dat schneiden, wat dann och am Summer oder am Hierscht dat Joer drop blitt. Schneiden ech elo zB Planzen déi am Fréijoer bléien, ma dann bléien déi jo net méi am Fréijoer. Ech knipsen deenen oder schneiden deenen einfach déi nei Bléiknospen ewech, well dann kënne se jo net méi bléien. Dofir muss ee just wëssen, wat bléid am Fréijoer, wat bléid am Summer oder Hierscht d'nächst Joer, dann kann een net vill falsch maachen.
An d'Beem. Brauch ech do de Secateur, oder bleiwen ech besser ewech?
Beem, wann ech deenen muss d'Kroun zréck schneiden, ob dat elo Uebstbeem oder Zierbeem sinn, ganz egal kann ech de Wanter roueg notzen, wann de ganze Saft vun de Beem erof ass, kann ech do roueg d'Schéier uleeën. Guer kee Problem. Wann ech net ze vill Äscht hunn, kann ech déi op de Kompost geheien, bësschen kleng schneiden. Guer keen Problem. Hunn ech e klengen Häckseler kann ech et duerchgeheien an tëscht meng Beeter geheien, ass och keen Problem. Dofir gutt oppassen, wat blitt am Fréijoer, wat am Summer oder Hierscht, do muss een eng kleng Differenz maachen.