
Aktuell Zuelen weisen, dass de Chômage zu Lëtzebuerg de leschte Mount bei 5,9 Prozent louch. Dat sinn 18.065 Mënschen déi aktiv op der Sich no enger Schaff sinn. Fir si all organiséiert RTL nees en Donneschdeg zesummen mat der adem den RTL Job- a Léierplazendag, wou 100 Entreprisen op zwee Stäck ze fannen sinn déi am groussen rekrutéieren. Och d'Elza an d'Diana schreiwen de Moment äifreg Demanden an hoffen sou séier wéi méiglech e Patron ze fannen.
Fir d'Diana, d'Elza an all déi aner bitt den RTL Job- a Léierplazendag dësen Donneschdeg eng grouss Chance. Lass geet et um 08h00 am Shopping Center Cloche d'Or, a bis 18h kann ee mat sengem CV laanscht kommen a säin Gléck versichen. All Informatiounen fann dir och elo schonn op jobdag.lu, wou och déi 4 Audio-CV'en vun dëser Woch erëmzefannen sinn, a wou sech aktuell och schonn 7.111 fräi Plazen uweisen, déi just drop waarden vun engem vun Iech besat ze ginn.