
© pixabay
Elo am Hierscht, wou d’Beem hier Blieder verléieren, heescht et fir vill Leit: méi Kieren, Botzen a Raumen. Jee nodeem wou ee wunnt, ass dat méi oder manner Aarbecht, mee et ass wichteg dat ze maachen. Well et gehéiert zu de Flichte vun den Hausbesëtzer a Locatairen, wéi den Affekot Paul Hammelmann kloer stellt.
Et ass effektiv esou zu Lëtzebuerg; am Ausland iwwregens och, datt d'Anrainer vun engem Trottoir, dat heescht déi Leit déi do wunnen, datt di d'Flicht hunn den Trottoir do propper ze halen virun hirer Dier. Dat geet vu Knascht bis Offall awer och a virun allem vun Naturgewalten wéi Blieder, Schnéi oder Glatäis. Wa se dat net maachen, da kënnen se effektiv zur Verantwortung gezu ginn, wa se engem domat Schued maachen.
Wien eng Haftflicht huet, ass do meeschtens besser ofgeséchert, Mee et sinn net nëmmen Blieder a Schnéi déi een net ewech gemaach huet, déi engem Problemer kënne maachen. De Paul Hammelmann:
Wann do e Kierperschued entsteet, da kann dat schwéier an Geld goen, well een, deen do Kierperverletzungen huet, där Affären hu mer gesinn, dee kann den Anrainer zur Rechenschaft zéien. Trapen z.B déi bausse sinn, déi an engem anormale Zoustand sinn, dat gëtt et och. Wann di Trap net esou agencéiert ass, wéi eng Trap soll sinn, wa se net der Norm entsprécht, da kann deejéinegen deen den Ënnerhalt vun der Trap huet oder deejéinegen deen Trap falsch gebaut huet, dee kann dofir zur Rechenschaft gezu ginn.
D'Blieder am Hierscht sinn also net just Dekoratioun, mee eng Verantwortung. Well wien den Trottoir net propper hält, riskéiert Problemer ze kréien, juristesch a finanziell.