
Déieren hunn hiren eegene Kapp. Apaart Kazen kréien nogesot, dass si hiren eegene Charakter hunn, an net gären hunn wann een sech ze vill an hiert Liewen mécht. Heiansdo ass et awer net vill aneschter méiglech, zemol wann eng Consultatioun net z'evitéieren ass. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth hëlt eis mat an d'Praxis.
D´Cherry huet an der Lescht gelepst mam Fudder mee dobäi awer gesoff wéi e Lach. Et war och ëmmer midd a wollt net méi spillen. Seng Leit hunn op d´Nieren, vläicht och d´Liewer getippt well déi kriddeleg Kaz doheem am Fong nach just Leckerliën gefriess huet. An der Praxis war déi siwe Joer al, schwaarz wäiss Indoor-Kazepatientin gefaart wéi Fixfeier. Schonn nëmme séier e bësse Blutt huelen ass net gaange ouni eng Berouegungspiqûre. Mais wéi dunn mat der Labosanalys erauskoum dass d´Cherry ganz schlëmmen Zocker, 'Diabetes mellitus', hätt, do ass de Misär richteg lass gaange.
Majo, do muss een jo dann doheem Insulin sprëtzen!
Wärend Kazepatienten op Insulin agestallt ginn, muss oft e puer Woche laang fir d´éischt den Zocker am Blutt gemooss an dono dann 2x den Dag déi entspriechend Dosis gesprëtzt ginn. Beim Cherry war dat leider komplett ondenkbar! Mat villen Tréinen a ganz schwéierem Häerz hunn seng Leit fir hatt eng Euthanasie froe missen. Am Fong eng schlëmm Konsequenz vun enger Kazejugend an där all Dag ganz rolzeg mat him „gespillt“ gouf. Déi meeschte jonk Kazen, déi doranner ganz anescht reagéieren wéi Muppelcher, verdroen dat net a ginn dann esou wéischt, dass si an esou oder änleche Fäll wéi dem Cherry säin dann guer net méi ze managen sinn.