
E Veterinär ka sech heiansdo sécher och virkommen wéi e Kriminalist, deen e Fall ze léisen huet. Well och hei kommen d'Leit eréischt bei den Déierendokter wann d'Kand am Pëtz leit, oder anescht gesot, wann näischt méi geet. Dr Romi Roth, huet haut sou e Fall derbäi, wou een op den éischte Bléck mengt et wier alles kloer.
„D´Noperen hu sécher eppes an eise Gaart gehäit well eise Labrador, de Castor, ëmmer esou vill billt. Zanter e puer Deeg ass de Mupp elo ganz deierlech. Am Ufank huet e sech vill iwwerginn mat uergem Duerchfall. Elo leit en do ze hechelen, wéi wann et säi Lescht wier. A kënne mer eis Zwergkanéngchen direkt och matbréngen? Déi duerf jo fräi duerch de Gaart lafen an esou schlapp wéi se elo drun ass, kéint si vum selwechten Gëft matkritt hunn.“
Do hätt een da vläicht awer besser, bis eriwwer bei de Noper ze goen a mat deem emol e klärend Gespréich ze hunn, mee déi hunn unisono Steen a Been geschwuer, si wieren zwar wierklech ferm genervt vum Castor sengem Gebills mee hätten garantéiert dowéinst awer kee Gëft gehäit.
Wourop ee vum Castor senge Leit op eemol gemengt huet, de Mupp géif jo och soss esou allerlee am Gaart friessen, des Lescht zum Beispill där schwaarzer Kiischtercher vun enger Heckeplanz, déi sech mat Fotos-Recherche aus dem Internet als 'Laurier Cerisier', Kirschlorbeer, entpuppt huet. Et ass zwar net wéinst der déidlecher Blosaier, déi aus deene Kiischten eraus metaboliséiert gëtt, dass déi Planz zanter dem Hierscht vum leschte Joer an der Schwäiz carrement verbueden ass oder vum däitschen Influencer Robin König esou verdäiwelt gëtt mee wéinst hirem massiv invasiven Verhalen géint déi autochthon Flora. Mais d´Gëft wier och e Motiv fir se wéinstens aus Gäert a Parken erauszeloossen wou kleng Kanner an Déieren a Gefor komme kéinten. Fir de Mupp koum d´medezinescht Briechmëttel natierlech vill ze spéit. A Kanéngercher kënne sech net iwwerginn. De Castor huet am Ufank missen Sauerstoff bäikréien an ass iwwert eng Woch gebaxtert ginn. Mais fir déi aarmen Zwergkanéngchen koum all Hëllef ze spéit.