An der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert Dir haut Vertrieder vun déi gréng a vun der DP

Dat éischt Gespréich ass fir déi gréng reservéiert, dat zweet fir d‘DP.

An der Emissioun vun déi gréng schwätzen déi nei Parteipresidenten, d’Madamm Stéphanie EMPAIN an den Här François BENOY zum Thema: „Eng liewenswäert Zukunft – Fir Mënsch a Natur“.

21/10/2024 Tribunes Libres dei greng

An der Emissioun vun der DP erënnert den Deputéierten André BAULER haut dorunner, datt d'Aarbechten vun der Nordstrooss musse weider ëmgesat an ofgeschloss ginn, fir endlech den Uspréch an der Realitéit vun der Entwécklung vum Norde vum Land gerecht ze ginn.

21/10/2024 Tribunes Libres DP Andre Bauler