
An der Serie vun de fräie Gespréicher, déi vun der Regierung fir déi Lëtzebuerger politesch Parteien op RTL ugefrot a reservéiert sinn, héiert Dir haut Vertrieder vun der DP an de Piraten.
Dat éischt Gespréich ass fir d‘DP reservéiert, dat zweet fir d‘Piraten. An der Emissioun vun der DP geet d’Deputéiert a Budgetsrapportice d’Madamm Corinne CAHEN op d’Méiglechkeeten an d’Erausfuerderungen vun der Kënschtlecher Intelligenz an, op déi sech Lëtzebuerg an Europa upassen a preparéieren mussen. De Sujet ass deemno: „Mir musse léieren, mat der KI ëmzegoen“.
An der Emissioun vun de Piraten schwätzt den Här Starsky FLOR, Spriecher vun der Partei a Conseiller an der Gemeng Useldeng zum Thema Präisdeierecht.