Internationalen Jazz-Festival zu Diddeleng14. Editioun vu "Like a jazz machine"

Nicky Soisson
Vum 8. Oktober bis den 11. Oktober mat, gëtt zu Diddeleng den Jazz nees gefeiert, dat mat sou wuel nationale wéi internationale Kënschtler.
© op der Schmelz

Ab en Donneschden an nach bis e Sonndeg mat, gëtt zu Diddeleng den Jazz nees gefeiert, dat mat sou wuel nationale wéi internationale Kënschtler.

Ma wann ee vun Jazz schwätzt, schwätzt een zwar wuel vun enger Museksrichtung déi ëm 1900 an de Südstaate vun den USA entstanen ass, mee et gëtt awer net just nëmmen ee Style. Danny Epstein vum Centre culturel op der Schmelz:

"Iwwert déi lescht bal lo mëttlerweil 100 Joer huet den Jazz jo vill Facetten oder sech a vill Facettë weiderentwéckelt. An den 1920 has de jo nach den danzbaren Jazz souzesoen, de Swingjazz. Dat ass dat vläicht wou d'Leit eppes kënnen domadder ufänken, wann och drop gedanzt gëtt. Dono ass dat dann e bësse méi komplizéiert ginn, mam Bebop an alles an do ass en, soen ech mol, manner danzbar ginn, mee halt méi déi musikalesch Grenzen ze briechen an einfach komplett nei Weeër an der Musek ze fannen, wéi een e Lidd kann zesummestellen oder eeben en Nolauschterer ka mat an déi Welt eranhuelen. Jo also quasi als eng Erfarung, eng Experienz ze dréinen."

Fir de Booker vum "Like a jazz machine" Festival ass Jazz net nëmme Musek mee e Gefill:

"Et ass vill Improvisatioun. Ech mengen deene meeschte geet et ëmmer drëm einfach bëssen déi Standardreegele vun der Musek ze briechen. Natierlech denkt lo jiddwereen, dat ass Musek déi just duercherneen ass. Et ass eppes fir live dobäi ze sinn. et ass näischt wou ech elo selwer och vill lo géif am Auto lauschteren oder sou. Dat muss een einfach live gesi wéi d'Museker do op der Bün einfach hiert Talent ënner Beweis stellen an einfach eng ultra drop hunn. Dat ass faszinant nozekucken an da kënnt een och scho mol séier op de Goût."

Ma generell kann ee behaapten, dass et am Jazz hautdesdaags vill Mëschunge ginn:

"Hip-Hop ass jo och vill mat dran oft, 't huet ee Funk mat dran, et huet ee Soul mat dran. Jazz selwer huet jo och dann nach vill divers Richtungen vu Free-Jazz bis Modern-Jazz an de klasseschen Jazz."

An esou fënnt een um internationalen Jazz Festival zu Diddeleng och direkt verschidden Zorte vun Jazz:

"Do ass House-Jazz dobäi, do hu mer owes an der Kantin Emile Londonien. Dat ass, wann ee bëssen danze wëll, do kann een dann och effektiv gutt drop danzen. Natierlech sinn aner Concerte bësse mi poséiert, wann een sech e bësse méi gemittleche Concert wëll ulauschteren."

Fir déi mëttlerweil 14. Editioun vum Internationalen Jazz-Festival stinn nees eng ganz Rutsch Kënschtler um Programm.

"Mir hunn do grouss Nimm wéi James Carter, Mike Stern, Rymden, Tord Gustavson ënnert anerem dobäi. Och vill nei Entdeckungen, well mer och de Leit e bëssen nei Stiler vum Jazz wëlle presentéieren, wéi ënnert anerem Robinson Khoury oder Mammal Hand. Awer och Lëtzebuerger Acts däerfen natierlech net feelen, wou mer ënnert anerem den Daniel Migliosi mat sengem Quartett dobäi hunn, de Jeff Herr oder och de Pascal Schumacher mat engem ganz speziellen Trio."

D'Concerte kann een all Dag, bis op Sonndes wou een éischter ufänkt, ab hallwer 7 owes live materliewen.

"Den Donneschden Owend hu mer zum Beispill e Renaud Garcia-Fons, aus Frankräich dobäi, dee mat senger Duechter e ganz coole Projet um Start huet: "Blue Maqam", wéi och de Robinson Khoury aus Frankräich. Also den éischten Owend ass éischter Franséisch ugehaucht, géif ech mol soen."

Freides Owes geet et da weider, dat souwuel mat Lëtzebuerger wéi awer och mat Internationale Kënschtler:

"Do sinn och Lëtzebuerger Acts dobäi, wéi den Daniel Migliosi-Quartet. Mir hunn Rymden dobäi, dat ass bëssen en Urgestein aus dem Jazz. Dann hu mer Mammal Hands, ganz jonk aus England, nei dobäi. Dono hu mer och nach Afterparty an der Kantin mam Emile Londonien."))

De jonke Public kënnt dann e Samschdeg de Moien an de Genoss vum Jazz, dat am Kader vum "Jazz for Kids":

"En interaktive Concert fir Kanner, wou se och bësse kënnen mat hir Experience maachen, eben e bësse mat klappen, e bësse mat musizéiere mat de Museker déi op der Bün stinn. Dann hu mer och nach Diddeleng, d'Stad selwer, mat agebonne wou mer dann divers Cafée gefrot hunn, fir och e bëssen un der Programmatioun deelzehuelen a wou dann och divers Concerten vun Jazzbands sinn. Owes hu mer Mike Stern a mir hunn och de Pascal Schumacher mat sengem Trio dobäi. Jo, an dann hu mer och aus Norwegen d'Hort Gustafsen Trio dobäi. Dat dierft och ganz intressant ginn."

Umellen dofir kann ee sech nach online. Dëst Joer limitéiert sech de Festival dann och net nëmmen op de Centre culturel selwer:

"Mir ginn nämlech dëst Joer och ganz nei an d'Stad Diddeleng selwer, wou mer 6 Caféen mat agebonnen hunn, wou och divers Concerte wäerte stattfanne vu jonken Newcomer aus der lokaler an och regionaler Zeen."

An dat e Samschdeg Nomëtteg ab 4 Auer mat gratis Entrée.

"Owes hu mer Mike Stern a mir hunn och de Pascal Schumacher mat sengem Trio dobäi. Jo, an dann hu mer och aus Norwegen d'Hort Gustafsen Trio dobäi. Dat dierft och ganz intressant ginn."

Déi Jore virdru gouf et Mëttwochs virum Festival well de Prelude an der Kierch.

"Deen hu mer nach ëmmer mat dobäi, awer net méi Mëttwochs, deen hu mol op sonndes placéiert. Do ginn et och individuell Ticketen fir déi, déi just an d'Kierch wëlle goen. Dat Ganzt ass um 4 Auer Nomëttes. An dono hu mer nach 2 ofschléissend Concerten am Grand-Auditoire mat der Jeff Herr Corporation a mam James Carter Quartett."

Tickete fir "Like a Jazzmachine" ginn et online op jazzmachine.lu sou wéi och an der Oweskeess sou laang nach Plaze fräi sinn.

An nach eng kleng awer wichteg Info zum Schluss: Wann Dir déi Deeg mam Auto op Diddeleng kommt, da passt op well d'Fohrmannsplaz ass wéinst der Kiermes gespaart.

Back to Top
CIM LOGO