
Am “Café des artistes” ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel vum Erich François gewuer, dass hien ëmmer 3 Pistoulen derbäi huet, fir dass de Startschoss och wierklech ze héieren ass.
De professionelle Fotograf zielt, dass hien aus der Eifel ass awer eng Lëtzebuerger Bomi hat an, dass hie mat 5 Joer um Trakter ënnerwee war, ouni ze wëssen wéi dee stoe bleift. Et geet ëm eng Rees an Israel, wou hie fir e Spioun gehale gouf an net méi areesen dierf, an hie verréit, dass dee leschte Leefer beim Marathon zu Lëtzebuerg - wéinst enger dommer Wett - ëmmer e Plakert ass.
Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.