RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Marc Hobscheit

Patrick Greis
© Patrick Greis

De Marc Hobscheit ass Immobilienhändler, Gastronom an Trendsetter aus dem Nuetsliewen.

De geléierte Maschinneschlässer verzielt am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel säi Wee vun der ‘Spatzer Nenn’ zu Stengefort, iwwer seng éischt Immobilienagence op der Gare, säi Kleedergeschäft zu Stroossen a säi kuerzt Experiment als Designer. Hie verréit méi iwwer d’Problemer mat senge Lokaler op der Gantebeensmillen an dem Waldhaff. Mir héieren, dass de Maître Vogel bei hien ëmmer Kachkéis iesse koum a gi gewuer, firwat de jonke Bopi nach ëmmer net ënner der Hauf ass.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO