RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Sven Clement

Patrick Greis
© Patrick Greis

Mam Deputéierten vun de Piraten geet et net nëmmen ëm Reesen, Suen an Affären. Am ‘Café des artistes’ ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gewuer, dass hien zaubere ka wéi säin Papp, am Lycée Aline Mayrisch duerch seng Feelstonnen opgefall ass an et scho fréi Bekanntschaft mat der russescher an der amerikanescher Ambassade gouf. Hie verréit firwat hien net bei de Jusoe bliwwen ass a wéi et zur Grënnung vun der Piratepartei koum. A verspriechen duerf ee sech och e puer Aussoen no de rezente Virwërf, déi hien an d’Partei betreffen, a wou hie sech bis elo zimmlech bedeckt gehalen huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO