Mini-EntrepriseSpotly kéint de Problem mat de Parkplazen an de Grëff kréien

Nicky Soisson
Dir kennt et vläicht och. Dir hutt e Rendez-vous, sidd och mat Zäit u mee Dir fannt einfach keng Parkplaz . Lästeg, gell?
© www.pixabay.com

Eng Mini-Entreprise mam Numm Spotly aus dem Lycée Technique vu Lalleng huet sech dem Problem elo ugeholl. Kevin Derringer:

“Spotly ass eng Mini-Entreprise, déi mir kreéiert hunn, fir de Parkproblem ze léisen. Mir hunn als But d’Parkplaz vu Privatleit ze verlounen, fir dass aner Leit sech kënnen dohinner parken.”

Wéi d’Iddi vun dësem Projet entstanen ass, erkläert den David Morreira De Oliveira:

“Et war um Ufank vum Schouljoer, wou mer hu missten en Thema eraussiche fir eng Mini-Entreprise ze maachen. Mir hu ganz vill ge-brainstormed. An der Schoul hu mer vill Iddien opgeschriwwen. Du koum de Kevin op eemol een Dag a Verspéidung, well e keng Parkplaz fonnt huet. An um Wee fir an d’Schoul huet en Haiser gesinn, wou iwwerall virun de Garagë fräi Plaze waren a sech geduecht, dat kléngt no enger Iddi.”

An esou ass d’Mini-Entreprise “Spotly” an d’Liewe geruff ginn. Nodeems de Grupp vun 11 Leit sech ëm d’Aarbechtsopdeelung gekëmmert huet, ass et un d’Developpement vun der Internetsäit gaangen. Déi ass dann och elo bal fäerdeg, Kevin:

“Do sinn nach mini kleng Problemer, also et géif klappen, mee mir wëllen, dass et stabil ass an net, dass op eemol vill Leit kommen an alles zesummefält.”

Et kann ee sech awer scho mellen, wann ee seng Parkplaz iwwert dës Plattform verloune wëll:

“Et muss ee just spotly.lu schreiwen a sech do en Account maachen an da fir déi Parkplaz déi een huet, all Detail opschreiwen, an dann ass et scho fäerdeg.” Natierlech gëtt een och fir dee Service bezuelt.

Eng flott Iddi, déi hëllefe kéint de Parkproblem am Land e bëssen an de Grëff ze kréien. Iwwregens kënnen och Entreprise sech mellen, wa si déi eng oder aner Parkplaz mol fräi hunn.

Suivéiere kënnt Dir d’Mini Entreprise Spotly ënnert anerem op Instagram.

Back to Top
CIM LOGO