
Et gëtt Leit déi kéinten vu moies bis owes schlofen, an dann gëtt et déi, déi keen A zoukréien. Den Dr Marc Keipes kennt nach eng 3t Kategorie
Den Dr Marc Keipes, aus dem Gesondheetszenter op der Gare kennt och déi 3t Kategorie déi fannen dass Schlof iwwerbewäert ass, a maachen léiwer d’Nuecht zum Dag. Déi behaapten einfach: ‘Ech kann schlofen wann ech dout sinn’.
Dat Zitat kréien ech dacks als Dokter ze héieren, awer muss dann ëmmer d’Aen verdréien. Wéi wichteg - genuch, a gudde Schlof sinn - hu mer hei schonn ëmmer betount. Lo gët et awer dann eng nei Etüd. Net nëmmen d’Dauer ass wichteg mee och den Zäitpunkt wéini een an d’Bett geet. Op een lo eng Nuetseil oder eng ‘Lerche’ ass spillt eng Roll beim Undeel vun eisem Kierperfett. Souguer wann een d’Beweegung an d’Kalorien déi d’Leit eranhuelen erausrechent bréngt all Stonn, déi ee méi spéit schlofe geet a méi spéit opsteet bei gläicher Schlofdauer 1,6% méi Fettmass op d’Hëften.
Wat kann een dann elo een fir allemol festhalen?
Schlof ass keen Luxus oder verlueren Zäit. Schlof beaflosst Hormoner, d’Verdauung, de Bluttzocker, an eis Kapazitéit fir Fettreserven ze verbrennen. Mat manner Schlof geet dat Hormon dat siedegt ‘GLP1' erof, an dat wat hongreg mécht, de ‘Ghrelin’ genannt, erop. Schlofmangel wierkt wéi Stress, setzt de Kortisonniveau erop, an et huet ee méi Honger besonnesch op séiss an fetteg Snacken. Souguer Daarmflora, eis Mikrobionom schéngt beaflosst ze ginn, no enger klenger Etüd déi bei Kanner gemaach ginn ass. Also, wat maachen. Owes den Handy ewech, de Wecker stellen, awer net fir opzestoen, mee fir ze erënneren datt ee mat Zäit an d’Bett geet.