Wanderweeër zu a ronderëm Lëtzebuerg"Éischter Bëschrou" - Eng Auszäit am Bësch

Michèle Schons
Wann een de Bësch mat alle Sënner erliewe wëll, steet net d'Destinatioun am Mëttelpunkt, mee d'Erfarung. Zu Éischt bei Folscht ass mam Wanderwee "Éischter Bëschrou" e Konzept entstanen, dat d'Iddi vum Bëschbueden an de Vierdergrond stellt.
© Visit Éislek

"Éischter Bëschrou" - Eng Auszäit am Bësch (Radio)

Op der ronn véier Kilometer laanger Streck geet et net drëm, séier virunzekommen, mee sech Zäit ze huelen an de Bësch bewosst ze genéissen. Déi verschidde Statioune wéi Hängematten oder de Buerfousspad si geduecht, fir kuerz anzehalen an den Alldag hannert sech ze loossen. Dës Elementer maachen aus enger klassescher Wanderung eng Naturerfarung, bei där Kucken, Lauschteren, Richen a Spiere gläich wichteg sinn ewéi d'Beweegung selwer.

© Visit Éislek

D'Iddi vum Bëschbueden kënnt ursprénglech aus Japan. Och hei gëtt dës Form vum bewosste Naturerliefnis ëmmer méi beléift. De Wanderwee zu Folscht soll de Leit eng einfach Méiglechkeet ginn, sech eng Auszäit ze huelen an de Bësch aus enger anerer Perspektiv ze entdecken.

Mat der "Éischter Bëschrou" huet d'Regioun eng weider thematesch Offer, déi sech un Naturfrënn, Familljen an all déi riicht, déi de Bësch net nëmme wëllen duerchkräizen, mee einfach mol bewosst stoebleiwen, duerchotmen an erliewe wëllen.

Éischter Bëschrou

Back to Top
CIM LOGO