Spezialekippen am AsazÉischt Näschter vum Eichenprozessionsspinner zu Housen fort gemaach

Marlène Clement
Andy Brücker
Op enger Spillplaz beim Centre Écologique zu Housen waren d'Kanner a Kontakt mat Eichenprozessionsspinner komm.

Eichenprozessionsspinner zu Housen / Rep. Marlène Clement

No engem gréisseren Asaz en Donneschdeg den Owend bei der Sportshal zu Housen, respektiv beim Centre Écologique sinn elo weider Detailer bekannt. Fënnef Kanner aus enger Kolonie a véier Educateuren haten Ausschlag entwéckelt a koumen an d'Spidol. De Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Romain Wester, huet RTL géintiwwer e Freideg de Moie confirméiert: "Et war wéinst Eichenprozessionsspinner".

Eichenprozessionsspinner waren Ausléiser vu Pompjeesasaz
Den Houser Buergermeeschter Romain Wester mat Erklärungen, nom Tëschefall en Donneschdeg den Owend beim Centre Ecologique.

Bei der Spillplaz nieft der Sportshal wieren Näschter. Den Areal gouf komplett ofgespaart an e Freideg de Mëtteg koum eng Spezialfirma, fir d'Näschter ewechzehuelen. Och d'Santé kënnt sech d'Situatioun op der Plaz ukucken.

Éischt Näschter vum Eichenprozessionsspinner zu Housen fort gemaach
D'Näschter vum Eichenprozessionsspinner op enger Spillplaz beim Centre Écologique zu Housen goufen e Freideg de Mëtteg zerstéiert.

De Betraffene geet et antëscht nees gutt a si si schonn an der Nuecht op e Freideg zeréck an d'Kolonie kommen. D'Kanner géingen dann um Freideg de Moien och schonn nees spillen, esou de Buergermeeschter.

Et sinn 20 Kanner am Alter vu 4 bis 7 Joer, déi nach bis en Dënschdeg zu Housen hir Kolonie vum Roude Kräiz hunn.

PDF: Pressecommuniqué vun der Gemeng Parc Housen

Back to Top
CIM LOGO