Wanderweeër zu a ronderëm LëtzebuergDe Märchebësch vu Bollenduerf

Michèle Schons
Wéi gär géif Dir emol an eng richteg Märchewelt andauchen? Zu Bollenduerf ass dat méiglech. Um Märchenpfad Sonnenlay ginn déi bizar Fielsen am Bësch zur Kuliss vun enger Fantasiegeschicht. Op engem ronn dräi Kilometer laange Wee begleeden d'Visiteuren de jonke Prënz Bollybur op senger Sich no der Prinzessin Bollonia.
© miSchons

De Märchebësch vu Bollenduerf

Déi béid Figure goufen iwwregens net aus engem ale Märchebuch iwwerholl, mee si sinn d'Erfindung vun enger Bollenduerfer Famill. D'Geschicht gëtt op néng Statiounen erzielt a mécht aus enger Wanderung eng kleng Aventure fir d'ganz Famill.

Nieft der Geschicht selwer ass et virun allem d'Natur, déi de Märchenpfad esou speziell mécht. Déi imposant Fielslandschaft vun der Sonnenlay léisst vill Plaz fir Fantasie. Hannert all Fiels kéint sech eng nei Figur oder eng nei Aufgab verstoppen. Eng vun de Statiounen ass de Steen vun der Wouerecht. Hei gëtt d'Märchen op eng spilleresch Aart mat der Wanderung verbonnen.

All Statioun erzielt en neit Kapitel, an zesumme mat engem klengen Heft kënnen d'Kanner d'Geschicht Schrëtt fir Schrëtt matschaffen an herno ausmolen. Sou gëtt aus engem normale Bëschwee eng interaktiv Erliefneswanderung.

© bollendorf.de

Och de Wee selwer ass gutt fir Famillje gëeegent. Mat ronn dräi Kilometer ass en net ze laang, an ënnerwee gëtt et ëmmer nees eppes ze entdecken. A wann de Prënz Bollybur seng Prinzessin um Enn fënnt, da geet fir vill Kanner och eng gelongen Aventure op en Enn, mat villen Andréck aus der Natur an enger Geschicht, déi nach laang am Kapp bleift.

Hei kënnt der iech d'Molbuch, d'Geschicht an de Wee eroflueden:

Märchenpfad Bollendorf

Back to Top
CIM LOGO