Et ass net alles schwaarz-wäissGréng - Méi wéi nëmmen Natur

Michèle Schons
Wat kënnt Iech an de Kapp, wann Dir un d’Faarf Gréng denkt? Vläicht e rouege Bësch, eng Wiss am Fréijoer oder einfach e Moment, an deem Dir déif Loft hëlt an entspaant.
© pixabay

Gréng - Méi wéi nëmmen Natur

Gréng gëtt dacks mat Rou, Harmonie, Frësches an Erhuelung verbonnen. Well mir dës Faarf sou dacks an der Natur gesinn, kann si op vill Mënsche berouegend wierken. Si kann d’Gefill vun Ausgeglachenheet vermëttelen an eis un eppes Lieweges an Natierleches erënneren. Patricia Lippert:

Gréng ass bei mir oft, ganz oft do, jo. Ech hunn e Weier hei hannert dem Haus. Ech bueden hei am Gréng. Ech schaffen och am Gaart. Ech hu Fräschen hei an, jo, gréng ass d'Liewen, gréng ass dat, wat all Bëtong duerchdréngt, dat ass de Gréng. A Gréng ass eeben och dat, wat duerch d'Sonn entsteet, well ouni Sonn gëtt kee Gréng.

An eiser haiteger Gesellschaft ass Gréng awer och eng Symbolfaarf fir Ëmweltschutz an Nohaltegkeet. Wa mir vu grénge Projeten, grénger Energie oder enger grénger Zukunft schwätzen, menge mir meeschtens, datt mir méi ëmweltfrëndlech a verantwortungsvoll handele wëllen.

D'Faarwe kënnen net derfir, wéi se benotzt ginn. Also, d'Symbolik vun der Faarf, ech mengen datt ass natierlech esou al, wéi et Kontrade gëtt. Déi eng huet esou e Fändel, déi aner huet esou e Fändel. Do sinn ëmmer d'Déiere benotzt ginn, fir déi Emblèmen. An dann och nach eng Faarf.

Gréng spillt och an der Welt vu Fester a Bräich eng Roll. Zum Beispill gëtt op ville Plazen de St. Patrick’s Day mat grénge Kleeder an Dekoratioune gefeiert. D’Faarf ass zu engem Symbol vun der irescher Identitéit ginn.

Et ass jo och eng Faarf, déi dacks an der Provence benotzt gëtt, fir Gardestill a fir Fënsterlueden an esou, wou all d'Accessoiren, déi aus Blech sinn oder aus Holz un engem Haus, déi sinn esou an engem douce Salbeigréng, ugestrach.

An och am Alldag huet Gréng eng ganz konkret Bedeitung: Bei der Verkéiersluucht bedeit gréng, datt ee virufuere kann. D’Faarf vermëttelt hei also d’Signal vu Fräigab a Weidergoen.

Gréng ass also vill méi wéi eng Faarf. Si steet fir Natur, Rou, Hoffnung a Wuesstem. Si verbënnt eis mat eiser Ëmwelt, fënnt sech a kulturellen Traditiounen erëm a vermëttelt am Alldag och wichteg Signaler.

Patricia Lippert

Back to Top
CIM LOGO