In PaceChuck Norris

Michèle Schons
Et gëtt Leit, déi Geschichte schreiwen. An da gouf et den Chuck Norris – e Mann, iwwer deen den Internet Geschichten erfënnt, déi bal nach méi legendär si wéi hie selwer. Den Hollywood- an Actionstar ass den 19. März am Alter vu 86 Joer gestuerwen
© AFP

Den Chuck Norris, gebuer 1940 an den USA, war Kampfsportler, Schauspiller an eng richteg Action-Ikon. Bekannt gouf hien ënner anerem duerch seng Karatekämpf an de Film Way of the Dragon, an deem hien dem Bruce Lee géintiwwersteet. Fir vill Leit ass hien awer virun allem de Cordell Walker aus der Serie Walker, Texas Ranger.

Iert den Chuck Norris Acteur gouf, hat e grousse Succès am Kampfsport. Hie war sechs mol Weltmeeschter am Karate am Mëttelgewiicht vun de Profien, huet Kampfsportschoule gegrënnt an huet ënner anerem Hollywoodgréisste wéi Steve McQueen trainéiert.

Seng richteg Onstierflechkeet huet de Chuck Norris awer um Internet erreecht. Do kurséieren zanter Joren déi berüümt „Chuck Norris Facts“: Witzer, déi him bal iwwermënschlech Kräfte ginn.

"Den Chuck Norris huet bis onendlech gezielt. Zweemol."
"Den Chuck Norris brauch kee Google. Google freet den Chuck Norris."
An: "Wann de Chuck Norris an de Raum kënnt, brauch net hien d'Luucht unzemaachen. D'Däischtert mécht sech aus dem Stëbs!"

Dës Memes si mëttlerweil e feste Bestanddeel vun der Internetkultur. Si spillen domat, datt de Chuck Norris ëmmer méi staark, méi séier a méi cool ass wéi all aner Mënsch. An dat Bescht drun: Och den Chuck Norris selwer konnt iwwer dës Witzer laachen.

2017 gouf et allerdéngs och e reelle Fall: Den Norris huet zwee Häerzinfarkter op engem Dag iwwerlieft.

De Mann hannert de Memes war net nëmmen en haarde Kämpfer, mee och eng Popkultur-Ikon, déi Generatioune begeeschtert huet. En huet de staarke Mann markéiert, war gläichzäiteg awer och Protagonist fir Witzer, iwwer déi e selwer laache konnt an déi en och am Netz verbreet huet.

Et gëtt nëmmen zwou Saachen, déi onendlech sinn: d'Universum an d'Chuck-Norris-Witzer. Obwuel … beim Universum ass een sech net ganz sécher.

Back to Top
CIM LOGO