
De Frank Beard koum den 11. Juni 1949 am Texas op d'Welt a war schonn als Teenager an der lokaler Musekszeen aktiv. Dobäi huet hien och de spéidere ZZ-Top-Bassist Dusty Hill kennegeléiert.
1969 koum hien du bei ZZ Top. Zesumme mam Dusty Hill an dem Gittarist Billy Gibbons huet hien dee charakteristesche Sound vun der Band gepräägt: Blues, Rock a virun allem den typeschen Texas-Groove. Lidder wéi „La Grange“ an „Tush“ hunn d'Band an den 1970er Jore bekannt gemaach.
De ganz groussen internationale Succès koum an den 1980er Jore mam Album „Eliminator“. Hits wéi „Gimme All Your Lovin'“, „Sharp Dressed Man“ a „Legs“ goufen och dank de spektakuläre Museksvideoen op MTV weltbekannt. De Beard huet dobäi am Hannergrond fir de Rhythmus gesuergt, deen zu engem Markenzeeche vun ZZ Top gouf.
2004 gouf ZZ Top an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. Den 17. August 2026 ass de Frank Beard am Alter vu 77 Joer gestuerwen.