In PaceRalf Richter

Nicky Soisson
De Ralf Richter war ee vun deene Schauspiller, déi ee kaum mat engem anere verwiessele konnt. Eng markant Stëmm, e rauen Optrëtt an ëmmer nees Rollen als haarden Typ aus dem Ruhrpott. De 15. September 2026 ass den däitsche Schauspiller gestuerwen.
© © MALTE OSSOWSKI/SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Ugefaangen huet alles de 17. August 1957 zu Essen, opgewuess ass de Ralf Richter zu Bochum, an enger Famill mat 8 Kanner. Éier et fir hien op d'Bün gaangen ass, huet hien eng Léier als Schräiner gemaach. Duerno huet hien d'Schauspillschoul zu Bochum besicht. No 2 Joer war do Schluss, mä dat sollt seng Karriär net stoppen. Hien huet ënner anerem Theater zu Berlin, Hamburg a Bonn gespillt.

De groussen Duerchbroch koum mam Wolfgang Petersen sengem Film „Das Boot“.

Als Zentralemaat Frenssen gouf de Richter Ufank vun den 1980er Jore beim grousse Public bekannt.

An duerno gouf säi markanten Optrëtt zu sengem Markenzeechen. De Richter gouf ëmmer nees als haarden, ongeschlaffenen oder luschen Typ besat. Eng vu senge bekanntste Rolle koum 1999: Am Peter Thorwarth sengem Kultfilm„Bang Boom Bang – Ein todsicheres Ding“ huet hien de Kalle Grabowski gespillt. Eng Figur, déi hie bis un d'Enn vu senger Karriär begleet huet.

Am Ganze war de Ralf Richter a méi wéi 160 Film- an Televisiounsproduktiounen ze gesinn. Dozou gehéieren Produktioune wéi "Fußball ist unser Leben“, "Was nicht passt, wird passend gemacht“ oder awer och "Superstau“.

De Ralf Richter ass 69 Joer al ginn. Zeréck bleift virun allem e Schauspiller, dee mat sengem ganz eegene Stil an deene raue Ruhrpott-Figuren zu engem markante Gesiicht vum däitsche Film ginn ass.

In Pace - Ralf Richter

Back to Top
CIM LOGO