In PacePe’l Schlechter

Nicky Soisson
Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Comic-Zeechnung zu Lëtzebuerg, en huet joerzéngtelaang als Grafiker d’Plakater vun der Lotterie Nationale an der Foire entworf a krut mat 92 Joer de Buchpräis fir „De Pol muss an de Krich“. D’Christiane Kremer erënnert un e kreativen, dynameschen a sympathesche Mann, dee mat vill Humor an Optimismus duerch d’Liewe gaangen ass.
© RTL-Grafik

Wéi ech him mat Kamera fir säin 100te Gebuertsdag wënsche war, huet hien d’Dier opgemaach a wéi e Lausbouf gemengt: „Mir ginn näischt!“ E lëschtege Moment, deen ech vum Pe’l Schlechter fir ëmmer wäert verhalen. Mee dann ass do jo och nach säi Wierk dat bleift. Um Ufank war et de Comic-Zeechner, deem seng Geschichten „De Bim an de Jopi“ jorelaang an der Revue publizéiert goufen an duerno de Grafiker mat senge ville Plakaten an Affichen.

Als jéngste Fils vum Auteur Demy Schlechter a Bruder vum Ger Schlechter koum hien an enger Kënschtlerfamill um Lampertsbierg op d’Welt. Molen war vun Ufank u seng Passioun.

“Ech hu mat 6 Joer scho meng eegen Neijoerschkaarte gemoolt fir menge Grousselteren ze schécken oder soss an d’Famill, dat war am Fong den Ufank vu menger grousser Karriär (laacht)”

Mat 90 Joer huet de Pe’l Schlechter sech un d’Schreiwe ginn. 2013 koum säi éischt eraus „De Pol muss an de Krich“, Erënnerungen un den z Weltkrich, wou hien zwangsrekrutéiert an dono an Holland verstoppt war.

“Meng Kanner, déi hu gesot, wann ech Souveniren aus dem Krich zum Beschte ginn hunn: „O komm, mir hunn dat do scho 6 Mol gehéiert, schreif et op an da kanns de jidderengem dat weisen an da léisst de eis mat Rou.”

Dofir krut hien de Buchpräis. Et wier säin éischt a lescht Buch hat e mir deemools an engem Interview erzielt. Mee dobäi ass et net bliwwen. Et koumen nach eng Rei Publikatiounen no - ëmmer op Lëtzebuergesch, déi Sprooch déi him besonnesch um Häerz louch. Datt et eng nei Orthographie gouf, hat huet hie begréisst, mee, sou sot en „et ass nach net déi lescht.“

Dat ass bestänneg an engem Wandel begraff. Dat ass jo kloer, et komme Wierder aus der Moud an et kommen all Dag neier derbäi. Eng Sprooch ass eppes Lieweges, wat sech stänneg entwéckelt. Da kann een net einfach op der Plaz stoe bleiwen.

2024 war de Pe’l Schlechter nach emol fir de Buchpräis nominéiert an och mat Freed bei der Zeremonie derbäi, grad wéi bei der Feier fir säin 105. Gebuertsdag.
Hie war e sympatheschen an optimistesche Mënsch, deen trotz e puer Boboe ganz geselleg war an ëmmer gär gelaacht huet. E Laachen, dat ugestach huet.

In Pace - Pe'l Schlechter

Back to Top
CIM LOGO