In PaceColette Flesch

Loïc Juchem
D'Grande Dame vun der Demokratescher Partei, Colette Flesch, ass den 21. Januar dëst Joer am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Hannert hir louch eng aussergewéinlech politesch Karriär: vun der Stater Märei iwwer de Krautmaart an d'Europaparlament bis an d'Regierung.
© RTL-Grafik

Virun der Politik war d'Fechten hir grouss Passioun gewiescht. No enger Bronzemedail bei der Weltmeeschterschaft vun de Junioren am Joer 1958 hat si dräimol un den Olympesche Spiller deelgeholl. 1960 zu Roum, 1964 zu Tokio an 1968 zu Mexiko-City hat si déi Lëtzebuerger Faarwe vertrueden.

Déi politesch Carrière vun der gebierteg Diddelengerin hat 1969 um Krautmaart ugefaangen, obwuel déi deemoleg Fechterin dat guer net esou geplangt hat. Just ee Joer méi spéit war si, no hirer éischter Participatioun bei de Gemengewalen, als éischt Fra iwwerhaapt a gläichzäiteg als jéngste Member un d'Spëtzt vun der Stater Gemeng komm. An engem Documentaire aus dem Joer 2022 hat si sech dorun erënnert.

D'Colette Flesch am RTL Afterwork (Oktober 2020)

D'Colette Flesch hat d'Lëtzebuerger Politik joerzéngtelaang matgestalt. An der Chamber hat si ënner anerem d'Ofschafe vun der Doudesstrof, d'Liberaliséierung vum Avortement an d'Zivilrechter vu bestuete Frae mat virugedriwwen. Donieft hat si de Grand-Duché och am Europaparlament vertrueden, mat Ënnerbriechunge vun 1969 bis 2004. Als Wirtschaftsministesch hat d'DP-Politikerin d'Land duerch d'Stolkris gefouert. Donieft war si Vizepremierministesch, Aussen- a Justizministesch gewiescht.

D'Colette Flesch war och laang iwwer hir politesch Pensioun eraus un der Aktualitéit interesséiert bliwwen an hat sech bis zu hirem Dout aktiv an d'Debatten agemëscht. Och bei eis op der Antenn. 2009 hat si sech no 40 Joer aus der aktiver Politik zeréckgezunn. Trotz dëser aussergewéinlecher politescher Carrière war hir awer eppes anescht dat Wichtegst an hirem Liewe bliwwen. Dat hat déi passionéiert Fechterin dem Annick Goerens d'Joer virdrun nach an der Emissioun „Gepëspers um Späicher“ verroden.

In Pace - Colette Flesch

Back to Top
CIM LOGO